Iwwer d'Wolleken eraus (vum Luisa Bevilacqua | Ab 6 Joer) by Mudam Luxembourg published on 2021-02-12T08:51:34Z Fir d'25 Joer vu senger Sammlung, präsentéiert de Mudam seng Sammlung emol ganz anescht. Wéi dat geet? Als éischt mol duerch Nolauschteren: Schenkt der Kënschtlerin an Geschichtenerzielerin Luisa Bevilacqua äert Ouer, fir mat hier zesummen op eng Rees duerch Märercher ze goen, an esou e spillereschen an emotionalen Zougang zu de Konschtwierker ze kréien. Geschicht 2/6 Den Himmel huet keng Grenzen « Den Haruto ass e klenge Jong deem seng Nues ëmmer a Richtung Himmel weist. Wann hien trëppelt kuckt hien an den Himmel. Wann hien ësst kuckt hien an den Himmel. Wann hien dreemt kuckt hien an den Himmel. An den Himmel spigelt sech a senge grousse bloen Aen.» Geschicht inspiréiert vum Konschtwierk: Javier Vallhonrat, n°50 Acaso Palafito, 2002 Collection Mudam Luxembourg Déi nächst Geschicht ass disponibel ab dem 01.05.2021. © Illustratioun: Elena Hentges Genre Audiobooks